[FESTIVAL A CAPE'LLA 2022]
Kanner a Familljen opgepasst! Déi véier Sängerinnen vun mata voices huelen iech mat op eng Rees duerch den Wanter, wou si mat ärer Hëllef eng Rei Hindernisser duerchstinn. Kommt mat fir eenzegaarteg Klang-Erliefnisser, déi nëmmen duerch déi wonnerschéi Stëmmen an hirem harmoneschen Zesummespill entstinn, an iech ganz an eng musikalesch Aventure eran dauchen loossen. Mata voices, si véier Musekerinnen, déi sech 2019 bei hirem Jazzgesank-Studium zu Maastricht kenne geléiert an eng gemeinsam Passioun entdeckt hunn: a cappella Sangen. Dësen Ensemble arrangéiert a komponéiert seng Musek selwer, déi souwuel rhythmesch a melodesch Elementer aus dem Jazz awer och Afloss vun der klassesche Musek huet.
Das Festival wird organisiert vom CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck mit Unterstützung der Stadt Diekirch und in Zusammenarbeit mit INECC – Institut Européen de Chant Choral.
E-Mail : billetterie@cape.lu
Numéro de téléphone : 0035226812681