Programm

concerts

Kapoutty

Serge Tonnar & Georges Urwald

De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan.



From ECHO.lu

Den Duo Serge Tonnar a Georges Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, erlieft een hei op eng opgefrëschte Manéier. Dem Serge seng bal erzieleresch Interpretatioun an dem Georges seng Pianoskläng, déi wéi d’Fauscht op d’A passen, setzen esou den Text an d‘Geschichten an de Mëttelpunkt.


No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm Aus der Heemecht, hunn si elo hiren neien Album KAPOUTTY am Gepäck: Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi „Déi Schnëss“ oder „De schéine Poli“, kritt een och manner Bekanntes – dofir net manner opreegend – ze héieren.


.

Genëschelt an de Programm agemëscht hunn sech och e puer Klassiker an onbekannten Texter vum grousse Virgänger, dem Dicks, déi aus dem Owend en eemolege Rezital vu lëtzebuergeschem Liddergutt maachen.

Kontakt
Termine
30 September 2026
De 19:00 à 20:30
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
Um Kinneksbond
L-8210 Mamer mamer
voir sur google maps

E-Mail : info@kinneksbond.lu

Site web : http://kinneksbond.lu/fr/



Das könnte Sie auch interessieren