Lëtzebuerg zeechent sech duerch eng historesch gewuesse Méisproochegkeet aus. Dëst féiert dozou, datt Spriecher*innen an hirer Kommunikatioun méi ewéi eng Sprooch benotzen a souguer an engem Gespréich tëscht méi Sproochen hin- an hierwiessele kënnen, wat an der Sproochwëssenschaft ëfters als „Code-Switching“ bezeechent gëtt. Meng Presentatioun, déi besonnesch computermediéiert Kommunikatioun betruecht, konzentréiert sech op dräi W-Froen: Wéi, wéini a wou gëtt Code-Switching vu lëtzebuergesche Spriecher*inne benotzt?
E-Mail : billetterie@cape.lu
Numéro de téléphone : 0035226812681