Programme

arts-scene-cabaret

Kabaret Sténkdéier

Le Kabaret Sténkdéier avec son nouveau programme « Alles a Fränjelen ». Spectacle en langue luxembourgeoise..


D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout! 


Europa ass ugezielt an hänkt an de Seeler, den transatlanteschen Dram ass ausgedreemt. Lénks a riets gi mer iwwerholl. Op wie kanns de dech nach verloossen, wie klaut der d’Sue schonns aus der Täsch? De Klimawandel ass aus de Schlagzeilen, dofir iewer net vum Dësch a vill ze spéit hu mir geschnallt, wéi ofhängeg mir wierklech sinn. Vun engem Moment op deen anere war alles a Fränjelen an elo reiwe mir eis d’Aen a verstinn d’Welt net méi. 


Egal op Gesondheets-, Pensiouns-, Steierreform, bezuelbare Wunnraum oder unisex Toiletten; och dës Koalitioun huet, esou wéi déi virdrun, d’Probleemer vun de Leit net geléist an de Mann mam Hummer ass ënnerwee. De Bettel knipst e Selfie mat sengem Dackel, de Frieden palavert ouni datt eppes nokënnt an de Rescht vun der Koalitioun hänkt um Baxter. From ECHO.lu


A mat enger Oppositioun, déi hiren Numm net verdéngt huet, ass Besserung och net a Siicht. Egal ob rout, gréng oder wat och ëmmer, all hu se genuch mat sech selwer ze dinn. Esou kritt d’Zukunft vum Land grad wéi den ëffentlechen Transport ëmmer méi Retard. Oder kënnt Dir d’Piraten nach eescht huelen! Ee Land wat sech esou Politiker leescht, muss sech net wonneren. 


Mee grad elo zielt et! Wie fléckt d’Téitschen an eiser Realitéit? Wann alles a Fränjelen ass, de Kapitalismus grad esou wéi de Kommunismus ausgedéngt hunn, dann ass eis Zäit komm: Ironie, Satir, Sarkasmus an nei Hoffnung an Zouversiicht fir Lëtzebuerg! De Kabarettismus iwwerhëlt elo d’Rudder! 



A wie kéint dat besser wéi de Kabaret Sténkdéier! Wéini, wann net elo! "Alles a Fränjelen", een Owend dee wéi deet, wann et néideg ass an dee wiermt, wann et méiglech ass.

Contact

Nom : Cube 521

Numéro de téléphone : 521 521

Adresse email :info@cube521.lu

Dates
19 November 2026
De 20:00 à 23:00
ajouter à mon calendrier

20 November 2026
De 20:00 à 23:00
ajouter à mon calendrier

21 November 2026
De 20:00 à 23:00
ajouter à mon calendrier

22 November 2026
De 18:00 à 21:00
ajouter à mon calendrier

Lieu
Cube 521
Driicht
L-9764 Marnach clervaux
voir sur google maps

E-mail : info@cube521.lu

Numéro de téléphone : 00352 521 521

Site web : http://www.cube521.lu



Cela peut vous intéresser