Programm

Theater

ZongenZodi

Luisa Bevilacqua & Betsy Dentzer

ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.From ECHO.lu


.

Den Här Pierre schafft am Wierderbüro. All Dag um Punkt Aacht Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen. 


Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt! Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt! Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op… an op eemol geréit alles duercherneen!

Termine
04 October 2025
De 15:00 à 16:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
Um Kinneksbond
L-8210 Mamer mamer
voir sur google maps

E-Mail : info@kinneksbond.lu

Site web : http://kinneksbond.lu/fr/



Das könnte Sie auch interessieren