Programm

Theater / Musiktheater / Literatur / arts-scene-other

Stories & Sounds

3 Fraen, 3 Stëmmen, 3 Weeër eng Geschicht z’erzielen…

Op lëtzebuergesch & franséisch.


Luisa Bevilacqua | Erzielung

Betsy Dentzer | Erzielung

Claire Parsons | Gesang & Musek

Produktioun | Erzielkonscht a.s.b.l.


Déi zwou Erzielkënschtlerinnen Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer treffen op d’Claire Parsons, Jazzsängerin a -musekerin. Si all reese mat liichtem Gepäck fir sech zesummen op eng onbekannte Rees ze maachen: Al Weeër gi verlooss fir am Moment Neies z’entdecken. 


Virun den Aen an Ouere vum Public loossen di 3 Kënschtlerinnen nei Welten entstoen, wou Kläng, Wieder, Gesang, Geschichten a Musek sech géigesäiteg inspiréieren an ofwiesselen. Stories & Sounds ass ee Sprong an d’kaalt Waasser, en Experiment, ee Faass ouni Buedem voller Pläséier um Spill, an deem alles méiglech ass… an nach villes méi.


Fotoen: © Véronique Kolber | © Rosanna Bevilacqua | © Lynn Theisen

Termine
06 May 2023
De 20:00 à 20:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Cube 521
DRIICHT
L-9764 MARNACH clervaux
voir sur google maps

E-Mail : info@cube521.lu

Numéro de téléphone : 00352 521 521

Site web : http://www.cube521.lu



Das könnte Sie auch interessieren