Programm

Theater / Theateraufführungen

Nornen

E Stéck vum Jacques Schiltz.



“Weess du, wéi dat gëtt?” Ronderëm e Buer stinn dräi Fraen a flechte Seeler. Et si mystesch Gestalten, Schicksalsgëttinnen, och „Nornen“ genannt. Et ass net Är Schold, wann Dir nach ni vun hinnen héieren hutt. Ze laang goufe si am Schied vu méi lukrativen nordeschmythologesch-marveleske Personnage wéi Thor, Odin a Loki vergiess. 

Héchsten Zäit, datt och hir epesch Geschicht erzielt gëtt. D‘Geschicht vun hirem Asaz fir d‘Gläichgewiicht vum Universum, vun hirem Kampf géint d‘Muechte vum Chaos, d‘Geschicht dovunner, wéi si d‘Geschicht vun alle Geschichten erfanne mussen, fir d‘Gëtter an déi Stierflech an hirem Bann ze halen. 

Nornen ass eng dynamesch Stéckentwécklung, bei där d’Regie wärend de Prouwen zesumme mat de Schauspillerinnen doriwwer nodenkt, wat dat heescht: Geschichten erfannen a verzielt kréien. Si si tatsächlech de Koll, deen d’Gesellschaft zesummenhält? A wat hu si eis haut nach ze soen, déi al Geschichten, déi un dësem Owend eng nei Gestalt wäerte kréien? 


Eng Produktioun vun Independent Little Lies - ILL a Koproduktioun mam Escher Theater a mam Kasemattentheater. Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère a vun der Stad Esch-Uelzecht. 

 


Reservierung und Informationen: info@cube521.lu | +352 521 521

Termine
26 April 2024
De 20:00 à 23:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Cube 521
DRIICHT
L-9764 MARNACH clervaux
voir sur google maps

E-Mail : info@cube521.lu

Numéro de téléphone : 00352 521 521

Site web : http://www.cube521.lu



Das könnte Sie auch interessieren