„Der Mensch ist nur dann ganz Mensch, wenn er spielt.“
Haut den Owend interesséiere mer eis virun allem fir d’Roll vun der Konscht an der Kultur an der Entwécklung vum Mënsch, vum Individuum zur Persoun, zum mëndege Bierger an enger Gesellschaft. Mam Friedrich Schiller senger Iddi vun enger „ästhetescher Erzéiung“ soll dem Bild vum Mënsch, dee mat Instinkter, genee sou wéi mat Vernonft dohier kënnt, Rechnung gedroe ginn. Dee wichtegste Moment fir d‘Vervollkommnung fënnt sech am Spill. Wann de Mënsch onbeschwéiert seng béid Säite gläichermoossen ausliewe kann, kann en zu deem ginn, deen e wierklech ass. De Schiller baut souguer seng sozio-politesch Iddi heirop op a weist, wéi den Zesummeschloss vu Fräiheet a Sënnlechkeet, Kreativitéit a Fantasie fir ee gerecht Matenee suerge kann. Bildung ass heibäi de Schlësselmoment, deen enk mat der Noutwendegkeet fir Kultur verbonnen ass.
En luxembourgeois avec traduction simultanée en FR sur demande préalable, au plus tard 3 jours avant la conférence.