Programm

arts-scene-cabaret / Theater

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

Frédérique Colling & Jacques Schiltz

Eng Revue vu fréier bis haut.From ECHO.lu


All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d’Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat huet, datt och Blanner an d’Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen...


Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d’Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher, a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?

.


Fir Iech vun där penibeler Aarbecht ze erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire op e kabarettisteschen Owend fir Aarm a Räich, Jonk an Al, Normalstierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt Iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.

Termine
10 December 2025
De 20:00 à 21:15
Zum Kalender hinzufügen

11 December 2025
De 20:00 à 21:15
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
Um Kinneksbond
L-8210 Mamer mamer
voir sur google maps

E-Mail : info@kinneksbond.lu

Site web : http://kinneksbond.lu/fr/



Das könnte Sie auch interessieren