„Schönheit liegt im Auge des Betrachters“, sou geet ee bekanntent Spréchwuert. Dat deem sou ass – an awer och nees net, weess de berüümtste Vertrieder vum Däitsche Kritizismus, den Immanuel Kant, ze erklären. Zwar hänkt et ëmmer dovun of, wéi mir, als Betruechter, een Objet oder d’Natur wouerhuele fir ästhetesch ze kontempléieren. Allerdéngs geet et beim „reng Schéinen“ net ëm perséinlech Virléiften oder Interessen. Dësen Owend invitéiert am Kant seng Welt, an där d’Erliewe vum Schéinen eng Vermëttlung tëscht eisem organesche Sinn an eiser geeschteger Fräiheet duerstellt. Dëst Phänomen trëtt vill méi däitlech an enger nach méi intensiver Erfahrung op: An deem Moment, wou mer eis vun der Majestizitéit vun der Natur iwwermannt spieren – an dach gläichzäiteg bestäerkt. Ween huet sech net scho beim Betruechte vun enger gewalteger Biergkuliss wéi magesch ugezu gespuert?
En luxembourgeois avec traduction simultanée en FR sur demande préalable, au plus tard 3 jours avant la conférence.
Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun der éischten Konferenz sur place gemaat.