Programm

Objekttheater

D’Prinzessin op der Ierbes

Fräi nom Hans Christian Andersen TRAFFIK THEATER (LU)

Et muss awer eng richteg Prinzessin sinn!

Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden.

Et huet awer eng richteg misse sinn.

De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen.

Mee ëmmer war eppes verkéiert...

D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeech- nungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matras- sen eng kleng Ierbes ze spieren.

Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden?

Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.

Termine
18 June 2023
De 11:00 à 11:45
Zum Kalender hinzufügen

18 June 2023
De 15:00 à 15:45
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Ariston
RUE PIERRE CLAUDE
L-4063 ESCH-SUR-ALZETTE esch_sur_alzette
voir sur google maps



Das könnte Sie auch interessieren