Mat extravagante Kostümer an enger Choreographie inspiréiert un de Beweegungen aus der Welt vun den Déieren invitéiert d’Compagnie Corps In Situ/Artezia Kleng a Grouss an en imaginären Universum. Dem Camille Saint Saëns säi berüümte Wierk Le carnaval des animaux ass d’Basis vun dëser choreographescher a musikalescher Fantasie. Op d’Kläng vu senger freedeger a lieweger Kompositioun stellen 6 Kënschtler*innen, dorënner 3 Dänzer*innen an 3 Museker*innen, verschidden animalesch Personnagen duer. Dat jonkt Publikum erlieft esou eng faarwefrou an dynamesch Parade vun Déieren, déi sech mat allerlee Fiederen, Pailletten, Masken an Tutus präsentéieren. Carnaval ass net nëmmen eng poetesch Hommage un d’Diversitéit vun der Déierewelt, mä illustréiert och op eng spilleresch Art a Wäis d’Freed un der Verkleedung a Verwandlung.
Nom : CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Numéro de téléphone : 2681 2681
Adresse email :mail@cape.lu
E-Mail : billetterie@cape.lu
Numéro de téléphone : 0035226812681
Tarif normal 12
Tarif jeunes 6
Kulturpass 1.50
Tarif scolaire 6