Programm

Tanzen / Theateraufführungen / Tanzaufführung

Carnaval

COMPAGNIE CORPS IN SITU

Mat extravagante Kostümer an enger Choreographie inspiréiert un de Beweegungen aus der Welt vun den Déieren invitéiert d’Compagnie Corps In Situ Kleng a Grouss an en imaginären Universum. Dem Camille Saint Saëns säi berüümte Wierk Le carnaval des animaux ass d’Basis vun dëser choreographescher a musikalescher Fantasie. Op d’Kläng vu senger freedeger a lieweger Kompositioun stellen 6 Kënschtler*innen, dorënner 3 Dänzer*innen an 3 Museker*innen, verschidden animalesch Personnagen duer. Dat jonkt Publikum erlieft esou eng faarwefrou an dynamesch Parade vun Déieren, déi sech mat allerlee Fiederen, Pailletten, Masken an Tutus präsentéieren. Carnaval ass net nëmmen eng poetesch Hommage un d’Diversitéit vun der Déierewelt, mä illustréiert och op eng spilleresch Art a Wäis d’Freed un der Verkleedung a Verwandlung.

Termine
28 April 2024
De 11:00 à 11:00
Zum Kalender hinzufügen

28 April 2024
De 15:00 à 15:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
place Marie-Adélaïde
L-9063 ETTELBRUCK ettelbruck
voir sur google maps

E-Mail : billetterie@cape.lu

Numéro de téléphone : 0035226812681



Das könnte Sie auch interessieren