ANIMAL REVENGE CINEMA – DÉI MONSTRÉIS SÄIT VUN NATUR AN DÉIER
King Kong (1933), Godzilla (1954), Frogs (1973), The Fly (1986), Alligator (1980), Arachnophobia (1990) – an der Kinosgeschicht huet déi monstréis Natur säit jeehier eng fest Plaz. Dacks fënnt si hiren Ausdrock iwwer schrecklech Déieren oder Kreaturen, déi entweeder vu sech aus géint d’Mënschheet rebelléieren oder d’Resultat dovu sinn, dass de Mënsch an d’Natur agegraff huet. Filmer, déi dem Genre vum „Animal Horror Cinema“ zougeschriwwe ginn, thematiséieren dës Hybris a reflektéieren domat och eis Attitudë vis-à-vis vu Wëssenschaft a Gesellschaft, vun der Fragilitéit vum Ekosystem a vun der Ongewëssheet géigeniwwer den onkontrolléierbare Säite vun archaeschen Naturkräften.
Formation continue :
- Service de la formation des adultes (via MENJE)
- Enseignant.e.s (via IFEN)
Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Centre national de l’audiovisuel (CNA) an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB).
Mitwirkung :
.Yves Steichen : Conferencier
Nom : CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Numéro de téléphone : 2681 2681
Adresse email :mail@cape.lu
Sales contact
Email : tickets@cape.lu
Numéro de téléphone : 2681 2681
E-Mail : billetterie@cape.lu
Numéro de téléphone : 0035226812681