Einfach aus der Haut fueren<
Fir een Aneren ze ginn
Mir fillen eis wéi neigebueren
Wa mir op der Bün stinn
Aus dem Jeckill gëtt d’Miss Hyde
Aus dem Beauty gëtt e Beast
Aus dem Bonny gëtt e Clyde
A last but not least
Ginn aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen
Aus douce Fraen, Femme fatalen
Wa mir op d’Bün ropklammen
Gi mir: (d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa)
D’MAKADAMMEN
20 Joer Makadammen! Dat muss gefeiert ginn! D’Trupp mécht ee Konveniat an do luede si all hir „Avataren” vun deene leschte Joeren an, a loossen eng etlech flott Momenter Revue passéieren.
Mitwirkung :
Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor : Texter