Programme

Autres

Konscht - Wat soll dat?

Et gëtt vill Blabla ëm dat, wat Konscht ass, wéi eng Roll se an eiser Gesellschaft anhëlt a wat fir eng Funktiounen se erfëlle soll. Am Idealfall kann d’Konscht eppes ausdrécken, wat iwwert aner Kanäl net auszedrécken ass. Si ka beréieren, iwwerraschen, ofschrecken, begeeschteren, langweilen, sozialkritesch sinn … — sou wäit sou gutt, zumindest an der Theorie. Oder ass dat a Wierklechkeet alles just waarm Loft?


D’Ausstellungsraim bleiwen oft steril a suggeréieren eng Distanz. Kritesch Froen a Bemierkunge sinn hei net ubruecht. Dës Grenze probéiere mir mat eisem Format ze briechen: Hei däerf een sech trauen ze denken an ze äusseren, wat ee soss just sengem Kolleeg um Heemwee vun enger Expo seet.

.


Mir brénge Konschtschafender an hire Public zesummen an testen d’Konscht als Kommunikatiounsmëttel an der Praxis — fort vun de wäisse Maueren an der Galerie, hin zum direkte Kontakt mat de Leit: Wat fir Froen, Associatiounen a Reaktioune kommen op?

Mir invitéieren op en onkonventionellen Owend: Jeeweils zwee Konschtschafender weisen eng Selektioun u Wierker, unhand vun deene mer eis op eng virwëlzeg souwéi kritesch Rees maache ronderëm d’Fro: Wat soll dat Ganzt iwwerhaapt?


E spezifescht Virwëssen ass net néideg. Jiddereen, deen sech ugesprach fillt, ass Wëllkomm!


Wéi eng zwee Konschtschafend dës Kéier dobäi si gëtt nach bekannt ginn. 

Stay tuned!


---


OPGEPASST: Dës Kéier fënnt d’Event am CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck statt.


---

From ECHO.lu


Den Entrée ass gratis. Ëm eng Umeldung gëtt gebieden (via info@ewb.lu).


Méi Informatiounen fannt Dir hei.


---


Projet Sapere Aude 2.0, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale.

Dates
23 November 2025
De 17:00 à 18:30
ajouter à mon calendrier

Lieu
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Place Marie-Adélaïde
L-9063 Ettelbrück ettelbruck
voir sur google maps

E-mail : billetterie@cape.lu

Numéro de téléphone : 0035226812681



Cela peut vous intéresser