Programme

Théâtre

D´Prinzessin op der Ierbes

Et muss awer eng richteg Prinzessin sinn!

Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden. Et huet awer eng richteg misse sinn. De Prënz ass duerch d'ganz Welt gereest, fir eng ze fannen. Mee ëmmer war eppes verkéiert...


D'Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.

Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an datmaachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d'Eleonora Savini mat vill Humor.


Spill: Michel Boulanger (Cello, Piano), Eleonora Savini (Gei, Piano, Gesank), Dan Tanson (Zeechnungen an Erzielung)

Stéckentwécklung: Michel Boulanger, Eleonora Savini, Dan Tanson

Museksdramaturgie & Kompositiounen: Michel Boulanger, Eleonora Savini

Objets, Illustratiounen + Bühneneffekter:

D Dan Tanson

Bléck vu Baussen: Linda Bonvini

Kostümer:

’ Anne-Marie Herckes

Beroodung: Sandy Artuso

Technesch Assistenz: Carine Ceglarski

Konstruktioun & Schreineraarbeschten: Escher Theater (Dirk Fuchs, Laurent Kohn)

Produktioun: Escher Theater

Koproduktioun: Prabbeli Wiltz

Credit Photos: Patrick Galbats

Dates
03 March 2024
De 10:30 à 11:15
ajouter à mon calendrier

Lieu
Kulturhaus Niederanven
ROUTE DE TREVES 145
L-6940 NIEDERANVEN niederanven
voir sur google maps

E-mail : info@khn.lu

Numéro de téléphone : 00352 26 34 73 1 , 0035226347323

Site web : http://www.khn.lu



Cela peut vous intéresser