Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net? Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wierder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren? Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen! Bei ZongenZodi geet et ëm d'Zesummespill vu Sprooch, Kierperkläng a Rhythmus - e Geschichtespill fir Kanner.
.Nom : CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Numéro de téléphone : 2681 2681
Adresse email :mail@cape.lu
Sales contact
Email : tickets@cape.lu
Numéro de téléphone : 2681 2681
E-Mail : billetterie@cape.lu
Numéro de téléphone : 0035226812681
Tarif normal 12
Tarif jeunes 6
Kulturpass 1.50
Tarif scolaire 6