Programm

arts-scene-cabaret

't ass net ze gleewen

ROLL GELHAUSEN

D’Wouerecht an Zäite vu Fake, Fake, Fake. Dat ass den Ausgangspunkt fir dem Roll Gelhausen säin neie Programm. Als Kabarettist ass hie fir seng spatz Fieder bekannt. Hien huet den Ensemble Cabarenert matgegrënnt an als Auteur ënner anerem un de Programmer fir d‘Lëtzebuerger Revue an D’Makadammen matgeschriwwen. 

An ass effektiv d’Bün net déi beschte Plaz, fir iwwer Show, Ligen, Verstellungen a gefillte Wouerechten nozedenken? Mat deenen ass et nämlech wéi mat de gefillten Temperaturen: Wann engem bei 12 Grad am Schiet de Wand ëm d’Ouere bléist an et huet een näischt um Kapp, da fillt et sech schonn e gutt Stéck méi kal un. A wann engem Ligen ëmmer méi dacks a méi haart ëm d’Ouere fléien an et huet een näischt am Kapp, dann héieren déi sech op eemol wéi tatsächlech Wouerechten un. 

Wéi ëmmer kuckt de Roll Gelhausen mat enger 

Mëschung aus Virwëtz, Verwonnerung a Polemik zeréck op eng Zäit, déi alt nees eng Kéier voller Gaffen a Watgelift-Amenter war.

Termine
22 January 2027
De 20:00 à 21:15
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Escher Theater - Esch-sur-Alzette
rue de l'Alzette
L-4010 Esch-sur-Alzette esch_sur_alzette
voir sur google maps

E-Mail : reservation@theatre.villeesch.lu

Site web : http://www.theatre.esch.lu



Das könnte Sie auch interessieren