Programm

concerts-alternative / concerts-other

Serge Tonnar & Band

Am Programm "ANPLACKT" (= unplugged) spillt de Serge Tonnar mat senger Band nei an al Lidder an engem frësche Kleed, mat méi akustesche Kläng ronderëm de Fligel, de Brëtellspiano an déi dréche Gittaren.


.

D'Première am Dezember 2023 gouf mat Begeeschterung opgeholl a mat standing ovations belount. De leschten Album "Jo an Amen”,ass eng Sammlung vu Lidder wéi klanglech Fotoen déi an de Pandemiejoren 2020 bis 2022 opgeholl goufen. Hei gëtt sech op wiesentlech Wäerter wéi Natur, Frëndschaft a Léift zréckbesënnt, an och d'Fro gestallt vum Wäert vum Liewen aus den Ae vun engem Revoltéierten, engem Kämpfer dee säi Wee geet, wäit ewech vun den Extremisme vun all Bord, an deen sech wiere muss, wéi en Don Quichotte, nëmme fir Humanist ze bleiwen, eng Aufgab, déi ëmmer méi schwéier ze gi schéngt. Dat kléngt no schwéierem Kascht, ma keng Angscht, Humor a Gefiller suerge fir Liicht (a Liichtegkeet), grad wéi déi méiglech Ausweeër aus dem Leed, déi dacks an den Texter virgeschloe ginn. De Serge a seng Musiker huelen och ëmmer nees ganz nei Stécker mat an de Programm, déi ee vläicht nach guer net héieren huet. Musikalesch geet et zréck bei d'Wuerzelen, mat Kläng vu Weltmusek, Balladen a Protest Songs.

From ECHO.lu
Termine
31 October 2026
De 20:00 à 22:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Cube 521
Driicht
L-9764 Marnach clervaux
voir sur google maps

E-Mail : info@cube521.lu

Numéro de téléphone : 00352 521 521

Site web : http://www.cube521.lu



Das könnte Sie auch interessieren