Programm

Literatur / Andere

Schnéiwäiss Männer

De Guy Rewenig an de Claude D. Conter liesen

Schnéiwäiss Männer ass en Dialogtext aus dem Guy Rewenig sengem Buch Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch (2020): Zwee fréier Schoulkollegen, déi sech zanter fofzeg Joer net méi gesinn hunn, begéine sech zoufälleg op enger Parkplaz zu Mamer. Si diskutéieren, stëppelen a kritiséieren, huele sech een deen aneren op den Aarm, lamentéieren iwwert hir Kränkten oder schwadronéiere monter droplass. Hir Rees an déi eege Vergaangenheet ass skurril, lächerlech an och traureg, voller Ironie a Roserei. Den ongewéinlechen Duo Rewenig/Conter ass zoufälleg zustan komm, wéi d'CNL-Liesrees (Fréijoer 2021) an der BNL zu Gaascht war. No zwou ausverkaafte Virstellungen vun der Lies-Performance am CNL zu Miersch an am TNL kommen elo déi „schnéiwäiss Männer” fir hiren drëtten Optrëtt an den CAPE a lästeren, knadderen, philosophéieren a geckse 70 Minutte laang, ouni e Blat virun de Mond ze huelen.

Termine
03 March 2024
De 17:00 à 17:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
place Marie-Adélaïde
L-9063 ETTELBRUCK ettelbruck
voir sur google maps

E-Mail : billetterie@cape.lu

Numéro de téléphone : 0035226812681



Das könnte Sie auch interessieren