Programm

arts-scene-cabaret / Musikalische Komödie / arts-scene-other

D'Alice am Verwonnerland

Eng One-Woman Show

Alice… pass op…du fäls! Do, elo ass et geschitt! Elo ass et erof an dat däischtert Lach gefall. Erof, erof, an ëmmer méi déif erof. Hatt erwächt am Verwonnerland, engem Land dat sou verwonnerlech ass, dass een sech net méi brauch ze wonneren. Hei erlieft d’Alice seng ganz eegen, surreal Odyssee mat villen ënnerierdeschen Aventuren an deene verwonnerlechste Gestalten. Dës fantasievoll an ausdrocksstaark One-Woman-Show, geschriwwen an opgefouert vum Laure Schreiner, ënnert der Regie vum Jemp Schuster, beschäftegt sech mat der Situatioun vu jonke Mënschen, déi hire Wee an hir Plaz an der Gesellschaft sichen. Op eng humoristesch a satiresch Aart a Weis gi sozial a politesch Themen, wéi zum Beispill de „surrealen“ Immobiliëmaart zu Lëtzebuerg, déi richteg Beruffswiel, d'Léift an d’Roll vun der Fra duergestallt. D'Stéck spillt mat villen intertextuellen Allusiounen, virop natierlech dem Lewis Carroll sengem Alice's Adventures in Wonderland, ass awer och vum Homer senger Odyssee, de Gebridder Grimm hire Märercher, dem Platon senger Philosophie an dem Shakespeare sengem Theater inspiréiert. Grad ewéi déi ikonesch Walt Disney Illustratiounen äis an eng aner Welt entféieren, esou gëtt och dës rasant a charmant Opféierung, duerch der Kënschtlerin Mélusine Mainville hir Illustratiounen, bildlech ënnermoolt.

Termine
15 December 2023
De 20:00 à 21:15
Zum Kalender hinzufügen

16 December 2023
De 20:00 à 21:15
Zum Kalender hinzufügen

17 December 2023
De 17:00 à 18:15
Zum Kalender hinzufügen

Ort
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
place Marie-Adélaïde
L-9063 ETTELBRUCK ettelbruck
voir sur google maps

E-Mail : billetterie@cape.lu

Numéro de téléphone : 0035226812681



Das könnte Sie auch interessieren