Programm

Theater & Kabarett

Si mer nach ze retten?

Eng kabarettistesch Virwëtztut

Et ass näischt méi wéi et war: Mir sinn net méi déi selwecht Mënsche wéi virdrun.
Dat wäerte mer ganz kloer mierken, wann endlech all Leit hir Maske fale loossen. Et ass ee gespaant ze gesinn, wie sech als Éischten traut nees engem aneren d’Hand ze reechen. A mir wäerte ganz genee kucken, wie weiderhi seng Hänn wäscht. An Onschold. D’Fro ass elo méi wéi berechtegt. Si mer nach ze retten?
Eise Bistro ass lo mol endlech nees op. D’Liewe muss jo weidergoen. Fir déi, déi et gepackt hunn. A fir déi ass e Bistro lo liewenswichteg. Fir sech auszetauschen. Mat aneren.
An de Supermarché gi mer net méi. Den Toilettëpabeier, d’Miel an d’Bakmëschunge ginn nach duer fir e puer Méint. Mä endlech nees ënner Leit ze sinn ass schonn e Genoss. Déi laang Zäit an der Isolatioun war net einfach ze iwwerstoen. Sou laang eleng. Naja, wann een nach eleng gewiescht wier. Mä mam Partner ... an do waren och op eemol Kanner, vun deenen ee bis dohinner quasi ni eppes matkritt hat. Mir musse lo no vir kucken an dat och ëmsetzen, wat mer eis an deene schwéiere Stonne virgeholl haten. Endlech immun ze ginn.

Sprooch - Lëtzebuergesch

Produktioun
Escher Theater
Mat
Claude Faber, Roll Gelhausen, Francis Kirps, Christiane Kremer
 

Termine
13 Oktober 2020
20:00
Zum Kalender hinzufügen

18 Oktober 2020
17:00
Zum Kalender hinzufügen

04 Mai 2021
20:00
Zum Kalender hinzufügen

05 Mai 2021
20:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
Escher Theater - Esch-sur-Alzette
122 rue de l'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg
voir sur google maps
reservation.theatre@villeesch.lu

http://www.theatre.esch.lu

Das könnte Sie auch interessieren