„Der Mensch ist nur dann ganz Mensch, wenn er spielt.“
Haut den Owend interesséiere mer eis virun allem fir d’Roll vun der Konscht an der Kultur an der Entwécklung vum Mënsch, vum Individuum zur Persoun, zum mëndege Bierger an enger Gesellschaft. Mam Friedrich Schiller senger Iddi vun enger „ästhetescher Erzéiung“ soll dem Bild vum Mënsch, dee mat Instinkter, genee sou wéi mat Vernonft dohier kënnt, Rechnung gedroe ginn. Dee wichtegste Moment fir d‘Vervollkommnung fënnt sech am Spill. Wann de Mënsch onbeschwéiert seng béid Säite gläichermoossen ausliewe kann, kann en zu deem ginn, deen e wierklech ass. De Schiller baut souguer seng sozio-politesch Iddi heirop op a weist, wéi den Zesummeschloss vu Fräiheet a Sënnlechkeet, Kreativitéit a Fantasie fir ee gerecht Matenee suerge kann. Bildung ass heibäi de Schlësselmoment, deen enk mat der Noutwendegkeet fir Kultur verbonnen ass. Mat Beispiller vu Gaudi a Beuys, oder och vum Lëtzebuerger Kënschtler Serge Ecker oder vum Khalid Qasim, deen a senger Guantanamo-Zell Konscht an d’Welt schéckt, genee sou wéi de Chinesesche regimmkritesche Kënschtler Badiucao, fanne mer eng jett Schafender, déi am kreative Spill hiert Sinn garantéieren. Dës Konferenz ass 2023 an den UNESCO-Eventkalenner zum Thema « Global Citizenship » opgeholl ginn.
.Dës Konferenz ass och als IFEN Formation Continue ausgeschriwwen.
Nora Schleich
Promovéiert a passionéiert an der Philosophie säit 2008 – Nom Studium zu Lëtzebuerg an zu Mainz ënnerwee an der Philosophie- a Wëssenschaftsvermëttlung. Virum allem täteg an de Beräicher Konscht a Kultur, wéi Soziales an Existenz. Säit 2022 Programmcoordinatrice an der ErwuesseBildung asbl.
Organisateur(s) principal(aux): neimënster
Langue: LU
Numéro de téléphone : +3522620521
Site web : https://www.neimenster.lu