Fir d'éischt spiert een et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d'Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder éier et säi Wee bis an d'Genéck an hannert d'Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d'Schëlleren d'Aërm erof. Et gëtt dir mol kal, mol waarm
dobäi. De Bauch zitt sech e bëssi fäertereg zesummen, an awer ginn deng Ouere grouss op... well et ass jo awer och immens flott, sech esou richteg gutt ze schudderen, gell?
Ee Grujel- a Gespenstergeschichteprogramm, ausgeduecht an erzielt vum Betsy Dentzer a musikalesch vergrujelt vum Louisa Marxen.
Konzept, Textaarbecht, Erzielung: Betsy Dentzer
Konzept, Perkussioun: Louisa Marxen
Bléck vu baussen: Jean Bermes
Bün: Betsy Dentzer, Louisa Marxen
Kostüm: n.n.
Produktiounsleedung: Betsy Dentzer, Emile Deutsch
Produktioun: Kopla Bunz a.s.b.l.
Koproduktioun: Trifolion Echternach, KHN, Cube521 Marnach
Mat der Ënnerstëtzung vun: Ministère de la Culture
Email : info@khn.lu
Numéro de téléphone : 00352 26 34 73 1 , 0035226347323
Site web : http://www.khn.lu
Find out more
Find out more
Find out more
Find out more