Programme

concerts-other

GALACONCERT

Mat grousser Freed invitéiert d’Mierscher Musek iech op hire Galaconcert – e musikaleschen High-light, wou Traditioun a Modernitéit Hand an Hand ginn. Den Owend gëtt opgemaach vum Jugendensembel vun der Mierscher Musek, dee mat frëschem Elan a vill Engagement weist, wéi vill Talent an hirer jonker Generatioun stécht.

Duerno iwwerhëlt d’Mierscher Musek selwer d’Bün a bréngt iech duerch en Owend voller Emotiounen, Klangfaarwen a musikalescher Exzellenz.

Loosst iech ufanks begeeschtere vun enger Auswiel u Märsch, Ouverturen a Harmonieorchesterwierker, déi d’Diversitéit an d’Kraaft vun der Musek ënnersträichen. Am zweeten Deel vum Owend wäert d’Mierscher Musek iech an déi opreegend Welt vum Film mathuelen. Erlieft zesumme mat de Musikant·innen imposant Filmmusek, grouss Blockbuster-Melodien an e Cartoon-Medley voller Iwwerraschungen.

.

Kommt a genéisst ee flotten Owend, dee sécherlech Grouss a Kleng begeeschtere wäert.


---

From ECHO.lu


Mierscher Musek & Jugendensembel

Direktioun: Ben Brosius

Dates
25 April 2026
De 20:00 à 20:00
add to my calendar

Location
Mierscher Theater
rue Grande-Duchesse Charlotte
L-7520 Mersch mersch
voir sur google maps

Email : info@mierschertheater.lu

Site web : https://mierschertheater.lu/



You might also be interested in