Programme

expositions-art / arts-design-other

Jubel - Exposition

C. So, do ass eng Ausstellung am CAPE zu Ettelbréck, e Vernissage vun enger

Lëtzebuerger Kënschtlerin, dem Tessy Bauer.From ECHO.lu

R. Bis erop ob Ettelbréck? Wat solle mir dann do?

C. Papperlapapp e bëssche Konscht huet nach ni engem geschuet. Du weess jo.

guer net, wat dech erwaart.

Ech si virwëtzeg gi bei der Foto am Programm. Et ass eng giel Nues mat

Lametta ronderëm.

R. Eng giel Nues, wat soll dat dann heeschen? Ass si allergesch ob Lametta?

C. Banaus.

R. Ech weess net, ewéi een ob esou Iddie kennt. Wat mécht si dann nach esou?

C. Dat Ganzt ass nawell zimmlech faarweg. Bon, bei enger Aarbecht war et mir

dunn elle ginn.

An zwar danzt si mat engem Poulet aus rosa’em Stoff. Et nennt sech Poulet

aux orties.

R. Grujeleg. Nee, wierklech Colette, do kommen ech elo awer sécher net mat.

Mir beginn eis jo net a Liewensgefor.



Ee Gespréich tëscht dem Colette an dem Renée, zwee Hénger aus der Stad.

Dates
De 29 February 2024 19:00 à 19 March 2024 19:00
add to my calendar

Location
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Place Marie-Adélaïde
L-9063 Ettelbrück ettelbruck
voir sur google maps

Email : billetterie@cape.lu

Numéro de téléphone : 0035226812681



You might also be interested in