Programme

Theatre / Lyrics show

Kleeschen

D’Erwaardung ass grouss, wa Kleeserchersdag nees virun der Dier steet. D’Tellere sti bereet an d’Kanner sinn immens opgereegt.

Dat klengt Liischen wëll allerdéngs net waarde bis de nächste Mueren. Mat sengem Teddybier am Grapp schläicht hatt sech heemlech erof an d’Kichen. Ma wat hatt do erlieft, hätt et a senge kéngsten Dreem net gedreemt.

Mat vill Musek a bekannte Melodië fir mat ze summen a mat ze sangen, kréien d’Geschichten op der Bün en neit Liewen. D’Kanner wäerte staunen an déi Grouss e bësse schmunzelen. De Kleesche muss sech net nëmme mat neimoudesche Kannerwënsch ausenaner setzen, ma en däerf och net am Parkverbuet parken. A wéi erkläert een nëmmen engem Polizist, datt et keng Carte d’identité fir e Kleesche gëtt?

Zanter ville Joeren gehéieren dem Roger Seimetz seng Geschichten ronderëm de Kleeschen an den Houseker zum selbstverständleche Begleeder vun deem Dag, dee fir vill Kanner dee wichtegsten am Joer ass. Dës Geschichten, déi e bessi aneschters sinn wéi dat, wat een esou landlefeg kennt, goufen um Radio gesent a sinn op CD erauskomm, munch dervun esouguer op däitsch. D’Ela Baumann, dat bekannt ass fir säin Talent, Musek an Text op eng onkonventionell Art a Weis aneneen ze verwieven, wäert d’Kanneraen zum Liichte bréngen

Dates
24 November 2023
De 10:00 à 11:00
add to my calendar

24 November 2023
De 14:00 à 15:00
add to my calendar

25 November 2023
De 17:00 à 18:00
add to my calendar

26 November 2023
De 17:00 à 18:00
add to my calendar

27 November 2023
De 10:00 à 11:00
add to my calendar

27 November 2023
De 14:00 à 15:00
add to my calendar

28 November 2023
De 10:00 à 11:00
add to my calendar

Location
Théâtre National du Luxembourg (TNL)
ROUTE DE LONGWY
L-1940 LUXEMBOURG luxembourg
voir sur google maps

Email : info@tnl.lu

Numéro de téléphone : 00352264412701

Site web : http://www.tnl.lu



Reservations and tickets

adultes 25

jeunes 8

Kulturpass 1.5

https://redirect.echo.lu/ticket?link=5de54292b050c15913fb9a488232888cddece171485b8628a087ecae7098b57cfe3954fbcb02a9aa51560d91628a02ffac524ae3dd610f89cc3804dc23ceb5e0173b7fe47451de0006a20b5f9eb6ff5d&id=falsche-sonne-rSZQvG

https://redirect.echo.lu/ticket?link=5de54292b050c15913fb9a488232888cddece171485b8628a087ecae7098b57cfe3954fbcb02a9aa51560d91628a02ff529bd1f33a25d42c2f930e57e5504046ba74f1fc162c00de589b8180169c1d75&id=falsche-sonne-rSZQvG

https://redirect.echo.lu/ticket?link=5de54292b050c15913fb9a488232888cddece171485b8628a087ecae7098b57cfe3954fbcb02a9aa51560d91628a02fffbfd13477d617e7e5809478ed29a45ad9b3c9ec12dd6c8c36e24a06121f20813&id=falsche-sonne-rSZQvG

https://redirect.echo.lu/ticket?link=5de54292b050c15913fb9a488232888cddece171485b8628a087ecae7098b57cfe3954fbcb02a9aa51560d91628a02fffa31115b9e56627437560b78607203b5ddb8557eb0f6f603fc091bf4b3aeed86&id=falsche-sonne-rSZQvG

https://redirect.echo.lu/ticket?link=5de54292b050c15913fb9a488232888cddece171485b8628a087ecae7098b57cfe3954fbcb02a9aa51560d91628a02ff51697c0f0e2e1afacaeacd3626e625811297b5633ca89d15f74e5dbdc9482ab2&id=falsche-sonne-rSZQvG

https://redirect.echo.lu/ticket?link=5de54292b050c15913fb9a488232888cddece171485b8628a087ecae7098b57cfe3954fbcb02a9aa51560d91628a02ff59556db77b1c9046fc8ae7608c27a74dc53f73dd02be099c13495b71685353bb&id=falsche-sonne-rSZQvG

https://redirect.echo.lu/ticket?link=5de54292b050c15913fb9a488232888cddece171485b8628a087ecae7098b57cfe3954fbcb02a9aa51560d91628a02ff420737857d44f9b3099d10e2feb8ef435cb635d7939dc1aee8c687ae0e70e408&id=falsche-sonne-rSZQvG

You might also be interested in