"D’Figuren an dësem Klassiker sichen no Halt a Sënn. Si hu sech gär, schwätze laanscht en een, probéieren uneneen ze gleewen a sinn dobäi op sou komesch a beréierend Aart a Weis mënschlech, wéis du an ech. D’SchauspillerInnen dierfen sech an eis ëmmer rem op e néits iwwerraschen duerch hier ongebännegt Engergie, Radikalitéit a Loscht einfach alles op der Bün ze ginn."
Thierry Mousset, Regisseur
Summer. Et ass waarm, an eng Famill trëfft sech beim Séi. De Konstantin huet säi Studium ofgebrach a mam Nina, an dat hie verréckt verléift ass, e Stéck virbereet, wat den Theater revolutionéiere soll. Am Publikum seng Mamm, dat berüümten Arkadina, an hire Libhaber, den erfollegräiche Schrëftsteller Trigorine. Awer dem Konstantin säi schlëmmsten Albdram trëtt an: Nach iert d’Stéck eriwwer ass, brécht e Sträit aus. D’Bezéiungen an der Famill gi ferm duerchgerëselt, nei Koppele fannen sech a näischt wäert jeemools erëm si wéi virdrun.
D’Méiw vum Tchekhov ass ee vun deene meescht gespillten Theaterstécker weltwäit, an et ass déi éischte Kéier, dass dësen Text an enger moderner Adaptatioun op Lëtzebuergesch opgefouert gëtt. Fräi, direkt, ouni Filter. D’Figuren stinn am Zentrum vun engem Generatiounskonflikt a vu gesellschaftleche Spannungen, déi bis haut näischt u Relevanz verluer hunn. Wéi eng Platz hunn déi Jonk? Woufir lount et sech ze kämpfen? Wou ginn Kompromësser gemaach, wou fänkt Manipulatioun un, a wourunner sollt een am Liewen gleewen?
.
Nom : CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
Numéro de téléphone : 2681 2681
Adresse email :mail@cape.lu
Email : billetterie@cape.lu
Numéro de téléphone : 0035226812681
Tarif normal 21
Tarif jeunes 10.50
Kulturpass 1.50
Find out more
Find out more
Find out more
Find out more