Programme

Literature

VERDRUDDELT GESCHICHTEN

An esou war et emol...

... oder et kéint och anescht gewiescht sinn...

A wa mer de Wollef mol eng Kéier géife schwätze loosen?

Oder wann de Kueb dës Kéier probéiere géif, seng Revanche um Fuuss ze huelen?

A wann de Prënz um Enn mol eng Kéier keng Prinzessin kréich?

D'Verdruddelt Geschichten huelen eis a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mat an d'Welt vom Märchen, der Fabel an der Seechen.

Mä passt op, dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt!

Verdruddelt Geschichten ass dem Marc Weydert säin éischt Geschichtebuch fir Kanner an all déi, déi gär e Märchen, eng Fabel oder eng Seeche liesen.

Fir Verdruddelt Geschichten goufen de Marc Weydert an d'Marie-Isabelle Callier mam 1. Präis an der Kannerliteratur vum Concours littéraire national am Dezember 2021 belount.


Mam: Marc Weydert

Dates
23 April 2023
De 10:30 à 10:30
add to my calendar

Location
Kulturhaus Niederanven
ROUTE DE TREVES 145
L-6940 NIEDERANVEN niederanven
voir sur google maps

Email : info@khn.lu

Numéro de téléphone : 00352 26 34 73 1 , 0035226347323

Site web : http://www.khn.lu



Reservations and tickets