Programme

Theatre

Kabaret Sténkdéier

Negativ ass den neie Positiv! Loosst Iech net mat positive Leit an, well dat kéint schlecht ausgoen! Nëmme Kontakter mat Negativen, dann hutt Dir alles ënner Kontroll. De Virus huet eist Liewe geännert, huet eis d'Welt op d'Kopp gestallt, a wat bis dohinner richteg a wouer war, ka sech elo als falsch erausstellen. A wollt am Ufank just den Etienne säi Liewen zeréck, esou wëlle mer et elo all zeréck. Et soll nees esou sinn, wéi virdrun: mat Vakanze-Fliger a Croisières-Schëff d'Klima retten a mam SUV op den Après-Ski. Et war jo och esou schéin!

E puer Verwinnten drécken sech vir, esou wéi et bei diene Verwinnten nach ëmmer war, gi virun all dienen anere geimpft a fannen dat um Enn och nach ganz normal, mir aner stinn an der Rei a musse waarden, a fannen dat net normal. Bei Viagra hu mir vollst Vertrauen, "Totgeglaubte leben länger", beim Vaccin zécke mer, och wann de Produzent die selwechten ass, iewer kee Mënsch freet, wat esou Muertentrëppler an Tëntesëffer wéi de Loulou an de Würth an engem Verwaltungsrot verluer hunn.

A grad elo bei dier schlëmmster Kris hu Grand-Ducs eis och nach sëtze gelooss a sech mir näischt dir näischt duerch d'Bascht op Biarritz gemaach. Elo, wou mir hire Bäistand am néidegste gebraucht hätten, gi si léiwer ongeneemegt an onerwënscht Interviewen am Paris-Match. Eist aller Monica mobbt sech derduerch, wann et anescht net weiderkënnt a bréngt d'DP an d'Laberenten, mee dat schlëmmst ass, datt et kee Lëtzebuerger Cremant méi bei der Luxair gëtt.

Wat Zäiten net nach!
Contact us

Numéro de téléphone : +352 521 521

Adresse email :info@cube521.lu

Dates
18 November 2021
De 20:00 à 20:00
add to my calendar

19 November 2021
De 20:00 à 20:00
add to my calendar

20 November 2021
De 20:00 à 20:00
add to my calendar

21 November 2021
De 18:00 à 18:00
add to my calendar

Location
Cube 521
DRIICHT
L-9764 MARNACH clervaux
voir sur google maps

Email : info@cube521.lu

Numéro de téléphone : 00352 521 521

Site web : http://www.cube521.lu



You might also be interested in