„Et weess kee Mënsch am ganze Land…“ Dach natierlech weess hei jiddweree, wie gemengt ass, well de Rumpelstilzchen ass och hei am Land bei Grouss a Kleng bekannt. D’Ettelbrécker Guiden, déi scho ganz laang Theater spillen, präsentéieren dëse bekannte Klassiker vun de Gebridder Grimm. Freet Iech op ee richteg flotten Kannertheater, wou iwwer 20 Kanner op der Bün stinn, a maacht mat hinnen eng onvergiesslech Rees an d’Märchewelt.
INFORMATIOUNEN A RESERVATIOUNEN VIA TEL: 81 82 73
(vu Samschdeg 23. Oktober un, all Dag vun 9.00 bis 11.00 Auer, ausser Sonndes an Allerhellgen)