Programme

Théâtre / Spectacles paroles

Schnéiwäiss Männer

Zwee fréier Schoulkollegen, déi sech zanter fofzeg Joer net méi gesinn hunn, begéine sech zoufälleg op enger Parkplaz zu Mamer. Si diskutéieren, stëppelen a kritiséieren, huele sech een deen aneren op den Aarm, lamentéieren iwwert hir Kränkten oder schwadronéiere monter droplass.

 

D‘Rees vun de fréier Schoulkollegen an déi eege Vergaangenheet ass skurril, lächerlech an och traureg, voller Ironie a Roserei.

Schnéiwäiss Männer ass en Dialogtext aus dem Guy Rewenig sengem Buch Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch, dat 2020 bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum.

Den ongewéinlechen Duo Rewenig/Conter ass zustan komm, wéi d'CNL-Liesrees am Fréijoer 2021 an der Nationalbibliothéik zu Gaascht war. Deemools hat de Guy Rewenig de Claude D. Conter gefrot, fir e puer kuerz Passagen aus Schnéiwäiss Männer matzeliesen. Dat huet hinnen an och dem Public sou vill Spaass gemaach, datt si spontan decidéiert hunn, zesumme mol méi e grousst Stéck aus deem Text virzeliesen. D'Première vun hirer Lies-Performance den 1. Dezember 2021 am CNL zu Miersch war direkt ausgebucht, vill Leit kruten deemools keng Plaz méi.

Duerfir kommen elo déi ”schnéiwäiss Männer” an den TNL a lästeren, knadderen, philosophéieren a geckse 70 Minutte laang, ouni e Blat virun de Mond ze huelen.

 

 

Dates
23 April 2023
De 17:00 à 18:30
ajouter à mon calendrier

Lieu
Théâtre National du Luxembourg (TNL)
ROUTE DE LONGWY
L-1940 LUXEMBOURG luxembourg
voir sur google maps

E-mail : info@tnl.lu

Numéro de téléphone : 00352264412701

Site web : http://www.tnl.lu



Cela peut vous intéresser