Programme

Littérature

Dee Leschte mécht d'Luucht aus

Kabaret Sténkdéier

Also elo emol ganz éierlech, kann ee bei all deene Katastrophen nach Kabaret maachen?

D'Welt geet virun eisen Aen d'Baach an, an eis bleift de Mond opstoen: d'Klima hëtzt sech op, Corona setzt nach een drop, an der Ukrain gëtt geschoss, Bensinn a Mazout ginn alt méi deier an eng Wunneng ka geschwë keen sech méi leeschten. D'Regierung huet just nach d'Super-waljoer 23 am A an Italien ass net op der Weltmeeschterschaft.

An do wëlls de Kabaret maachen? Däerf een hautdesdaags iwwerhaapt nach Witzer rappen? An nach vill méi wichteg, däerf een iwwerhaapt nach iwwer déi Witzer laachen?

De Kabaret Sténkdéier beäntwert déi Froe mat engem klore Jo, well den Humor déi bescht a wierksaamst Medezin an dësen Zäiten ass a bleift.

Mam: Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher, Irène Zeimes

Regie: Joé Heintzen / Assistenz: Noémie Leer

Musek: Camille Nanquette

Texter: Roland Meyer

Dates
10 December 2022
De 19:30 à 19:30
ajouter à mon calendrier

Lieu
Kulturhaus Niederanven
ROUTE DE TREVES 145
L-6940 NIEDERANVEN niederanven
voir sur google maps

E-mail : info@khn.lu

Numéro de téléphone : 00352 26 34 73 1 , 0035226347323

Site web : http://www.khn.lu



Cela peut vous intéresser