Programme

Arts de la Scène / expositions / Cours & Formations / Autres

D’Kleesercherstraditioun fréier an haut, fir Grouss a Kleng

De Kleeschen ass immens beléift. D‘Traditioun ronderëm säin Éierendag gëtt a ville Familljen héisch gehalen, woubäi all Generatioun en e bëssen anescht feiert. Hie verschenkt nawell gären Orangen an déck Nëss. Hien dréit esou een héijen Hutt an ee laange Baart. Firwat eigentlech? Wat maachen déi Kanner an der Biidchen nieft him op de Statuen?


Mat engem Bicherdësch fir Kanner an Erwuessener, lieweg verzielte Geschichten am Lieseck, enger klenger Ausstellung iwwer seng Verwuerzlung an der Lëtzebuerger Konscht a Kultur an engem Quiz ginn op spilleresch Manéier seng Hierkonft a seng Legenden fir Grouss a Kleng erläutert.


De ganzen Dag iwwer ass och d’Kleeserchersmarionette mam Carine Schmit-Kayser op Besuch a weist de Kanner, wat et mat der Traditioun vum Schong eraussetzen op sech huet.


Méi Informatiounen: https://ewb.lu/event/dkleesercherstraditioun-freier-an-haut-fir-grouss-a-kleng/

Dates
29 September 2023
De 10:00 à 18:00
ajouter à mon calendrier

Lieu
neimënster - Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster
rue Münster
L-2160 LUXEMBOURG luxembourg
voir sur google maps

E-mail : contact@neimenster.lu

E-mail : billetterie@neimenster.lu

Numéro de téléphone : +3522620521



Cela peut vous intéresser