Programme

Théâtre & cabaret

"FRÉIER WOR ALLES"

ZOUSAZVIRSTELLUNG: SONNDEG, 31.1.2021 UM 18.00 AUER. Eng satiresch Chronik vun de 6oer Jore bis haut vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti. An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artisten op eng virdigital Zäit zréck.


Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekskassett bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie. Vu Bonanza bis zum Game of Thrones. Kuerz: et geet ëm d'Wendung mat der Maus.

Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mä kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mä och mat de passende Lidder an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.
Dates
17 janvier 2021
De 18:00 à 09:56
ajouter à mon calendrier

Lieu
Cube 521
1-3 DRIICHT
L-9764 MARNACH
Luxembourg
voir sur google maps

http://www.cube521.lu

Cela peut vous intéresser