Programme

Musique / Théâtre & cabaret

Um Stamminee

Eng musikalesch-satiresch Revue iwwert 1960er a 1970er Joren zu Lëtzebuerg aus dem Mond vum Pir Kremer!

Um Stamminee ass en Hommage un de Pir Kremer awer keng Biographie vum Auteur. Mat senge Stamminee- a Revue Texter, Lidder a Gedichter gëtt e Stéck Lëtzebuerger populär Ënnerhalungsgeschicht ausgegruewen, analyséiert an aus dem Bléck vun haut verständlech gemaach. Mir zeechnen e Gesellschaftsportrait duerch de Mond vum Satiriker!
FC Schinnegebess oder Ran an de Goal, Dem Tobby Säin Hobby an den Hunn Op Der Bunn, all dës beléifte Lidder verziele vun engem Liewensgefill, vun där neier Fräizäit an deene ville Veräiner, déi deemols entstane sinn. Bei äis doheem an der Familjen, Ech Sin Up-To-Date oder Ech brauch kee Mann besangen dat neit Fraebild a verspotten deem Léiwe Männchen seng Naupen. Am Lidd Et Ass Eriwer verzielt de Pir Kremer, wéi 1967 de Militärdéngst ofgeschaf gouf a mat der Ballade De Massaker op der neier Bréck hëlt hien d'Verkéiers-Situatioun beim Pole Nord op d'Schëpp. De Spektakel respektéiert dem Auteur seng Texter a Gedichter a sicht mat gesonder Distanz de Sound vun de 60er a 70er Joren artistesch a musikalesch anzefänken.
Dates
28 janvier 2021
De 20:00 à 00:00
ajouter à mon calendrier

29 janvier 2021
De 20:00 à 00:00
ajouter à mon calendrier

30 janvier 2021
De 20:00 à 00:00
ajouter à mon calendrier

31 janvier 2021
De 20:00 à 00:00
ajouter à mon calendrier

Lieu
Mierscher Kulturhaus
53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg
voir sur google maps

http://www.kulturhaus.lu

Réservations et billets

Cela peut vous intéresser