Programm

concerts / Zirkus / Musiktheater / Musikalische Komödie / arts-scene-installations

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si schneekeg!

ALLERRETOUR A.S.B.L.

Eng grouss musikalesch Party fir Kanner


4 - 9 Joer | 55 Min

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si no laanger Rees erëm zréck am Hafen zu Lëtzebuerg. Nodeems de Kapitän Mullebutz a seng Crew duerch hiert vill Gewibbels an Héichform sinn, kënne si mat guddem Gewëssen erëm op hire Bauch lauschteren, gutt iessen a schneeken, hmmm! Pechege Kachkéis, en

Zapp-Ee, eng laang Zossis a gaaaaanz vill Schokola. De Mullebutz a seng Crew invitéiert all kleng a grouss Pirate fir mat him ze sangen an ze danzen. De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si schneekeg! ass den drëtten Deel vun der beléifter Matmaach-Concerts-Serie vum Dan Tanson a Georges Urwald.


Iddi, Konzeptioun a Gesank Dan Tanson / Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill Georges Urwald / Arrangementer, Elektronik a Getrommels John Wolter / Gittar Christian Peckels / Bassgei Tom Wiot / Trompett Jhang Kohnen / Gei a Gesank Noémie Leer / Trombonn Patrick Wilhelm / Saxophon Jessica Quintus / Gebäerdesprooch Véronique Steinmetz / Tountechnik Georges Majerus / Luucht Bert Marijsse / Kostümer

Anne-Marie Herckes / Visuals & Animatiounen Claude Grosch / Choreographie Nathalie Moyen / Bléck vu baussen Milla Trausch.

Produktioun AllerRetour a.s.b.l. & Philharmonie Luxembourg / Koproduktioun Escher Theater, Centre culturel régional Aalt Stadhaus Differdange, Trifolion Echternach

Termine
26 February 2023
De 16:00 à 16:00
Zum Kalender hinzufügen

Ort
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
place Marie-Adélaïde
L-9063 ETTELBRUCK ettelbruck
voir sur google maps

E-Mail : billetterie@cape.lu

Numéro de téléphone : 0035226812681



Das könnte Sie auch interessieren